D'Billie genéisst et aleng a senger Kummer ze spillen. Mee dat soll sech änneren: Hatt muss seng Kummer geschwë mat engem klenge Brudder deelen.
Domat ass dat kleng Meedchen awer sou guer net averstanen an him bleift just eppes iwwreg: Hatt muss sech een eegent Haus bauen! Mat Hëllef vum Architekt Bob, de Biber, deen him d'Virdeeler vun de verschiddene Forme vu Wunnen a Bauen erkläert, fannen déi zwee déi ideal Léisung fir d'Billie.
Dëst Buch gëtt et op Lëtzebuergesch a Franséisch.