D'Sprooch, als éischten Zougang vun de Kanner zur Welt, well mat Wierder des Welt gräifbar
maachen. Mee a wei wäit ka Sprooch dat haut nach leeschten? Ass d'Welt nach ze gräifen, - ze
begräifen?
Duerch d'Opbrieche vu Sproochreegele versichen des Sequenzen dem Kär vun eiser entfriemter Welt mei no ze kommen. Dobai zeechent denNico Helminger mat melodescher Melancholie - ëmmer erëm an diskret dauchen dobäi Stëmmen aus der Vergaangenheet op, vu Ry¿kan bis Rilke, vun Hölderlin bis Herbeck -, awer och mat Sproochwitz, d'Onzoulänglechkeete vun enger verréckter Welt no.